"myDSP on Tour" mécht Halt zu Diekirch
Agence
Den Dënschdeg, den 9. Juni 2026, huet d'Agence eSanté eng Informatiounssessioun an der Primärschoul zu Diekirch organiséiert, a Zesummenaarbecht mat Nordstad Aktiv+.
D'Participanten konnten méi iwwert den Elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé) erausfannen an Froen dozou stellen, wéi en funktionéiert an wéi een en benotzt.
Dëst Evenement huet dozou bäigedroen, d'Bewosstsinn an der lokaler Gemeinschaft fir d'Wichtegkeet vum DSP fir eng méi einfach a besser koordinéiert Gesondheetsversuergung, ze stäerken.
Dir sidd eng Associatioun a wëllt eng Presentatioun fir Är Memberen organiséieren?
Kontaktéiert eis per E-Mail op info@agence-esante.lu.
