„myDSP on tour“: Digital Gesondheet kënnt bei Iech!
Agence
Am Kader vun hirer Initiativ „myDSP on tour“ huet d’Agence eSanté, a Partnerschaft mam Club Aktiv Plus An der Loupescht, eng Informatiounssessioun organiséiert, déi dem elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé -DSP) gewidmet war.
Dës Versammlung, déi Donneschdeg, den 30. Oktober 2025 zu Jonglënster stattfonnt huet, huet de Participanten d’Méiglechkeet ginn, de Fonctionnement vum DSP an all seng Virdeeler méi am Detail kennenzeléieren. Et war och eng Geleeënheet, fir praktesch Froen ze stellen, Erfarungen auszetauschen an déi digital Instrumenter besser ze verstoen, déi d’Zukunft vum Gesondheetswiesen zu Lëtzebuerg matgestalten.
Fir méi iwwer de DSP gewuer ze ginn, klickt hei.
Hei fannt Dir eisen Evenement-Kalenner mat de nächste geplangten Informatiounsversammlungen.
