"Mon Cabinet", en zousätlechen digitale Gesondheetsservice fir Gesondheetsberufler
Am Kader vun hirem digitale Service fir d’Iwwermëttlung vu bestëmmte standardiséierte Formulairen huet d’Gesondheetskeess (CNS) d’Agence eSanté beoptraagt, d'Applikatioun "Mon Cabinet“ (Meng Praxis) z'entwéckelen.
Dës Applikatioun erméiglecht et de reglementéierte Gesondheetsberuffler, d‘Sekretärin déi si beschäftegen oder déi fir si oder ënner hirer Verantwortung schaffen, unzemellen, fir datt dës am Numm vum Gesondheedsberufler bestëmmten administrativ Demarchen ausféiere kënnen.
Soubal d'medizinesch Sekretärin registréiert an hiren eSanté-Kont aktivéiert ass, kann si am Numm vum Gesondheetsberufler de standardiséierte Formulaire validéieren, deen digital un d'CNS weiderginn soll ginn. Ufanks geet et ëm den digitalen Austausch vun Dokteschrechnungen. Méi spéit gëtt et den digitalen Austausch vun den Krankeschäiner (eCIT).
Méi Informatiounen iwwer Mon Cabinet fannt Dir hei.
Méi Informatiounen iwwer déi digital Iwwerdroungsservicer vum CNS fannt Dir hei.
Braucht Dir Hëllef? Kontaktéiert eisen Helpdesk iwwer eisen Online-Formular hei.
