Interventioun vun der Agence eSanté um Digital Summit 2022
Agence
Den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence eSanté, an de Frédéric Markus, stellvertriedende COO, goufe vum Global Government Forum invitéiert fir um Digital Summit 2022 deelzehuelen, deen zu Ottawa, Kanada, de 5. a 6. Oktober stattfonnt huet
Bei dësem Sommet geet et drëms déi gréisst Erausfuerderungen unzegoen deenen d’Féierungsleit am digitalen ëffentleche Secteur ronderëm d'Welt begéinen. D’Hären Barge a Markus hunn dës Geleeënheet genotzt fir hier Expertise mat anere Participanten ze deelen, déi verantwortlech an drun interesséiert sinn fir d'digital Transformatioun ze beschleunegen.