Internationalen Dag vun de rare Krankheeten: en Dag fir drun ze erënneren, datt all Liewenswee zielt

International

Zu Lëtzebuerg steet d’ALAN Persounen zur Säit, déi vun enger rarer Krankheet betraff sinn, fir si ze begleeden, ze informéieren an ze ënnerstëtzen an hinnen doduerch ze hëllefen hir Liewensqualitéit ze verbesseren.

Slides avec infos

Well dës Krankheeten dacks den Asaz vu ville Spezialisten erfuerderen, gëtt d'Koordinatioun vun der Fleeg onëmgänglech. Do mécht den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé -DSP) den Ënnerscheed: hien erméiglecht et de berechtegte Gesondheetsberuffler, séier op déi wichtegst Informatiounen zouzegräifen.

Andeems si hiren eSanté-Kont aktivéieren an de DSP benotzen, droen d’Patienten an d’Fachleit zesumme bäi, fir eng méi kohärent, méi reaktiv a méi patientenzentréierter Betreiung ze garantéieren.

Entdeckt méi iwwer den DSP hei.

Léiert méi iwwer d’Aktivéierung vun Ärem eSanté-Kont hei.

Lauschtert den Interview mam Daniel Theisen, Direkter vun der ALAN, deen am Kader vun dësem internationalen Dag op der Radio 100,7 diffuséiert gouf.