HWL 2026: En Event voller Begéinungen, Echangen a Perspektive fir d’digital Gesondheet!

Evenementer
Wärend der ganzer Healthcare Week Luxembourg hat sech d’Agence eSanté gefreet, vill Visiteuren op hirem Stand begréissen ze kënnen an sech mat de wichtegsten Acteure vum Gesondheetsökosystem iwwer d’Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun am Gesondheetswiesen auszetauschen.

Mir haten ausserdeem d’Éier, d’Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, Martine Deprez, souwéi d'Stéphanie Obertin, Ministesch fir Digitaliséierung, Fuerschungan Héichschoulwiesen, op eisem Stand begréissen ze dierfen. Mat hinnen hu mir eis iwwer d’Erausfuerderungen an d’Perspektive vun der digitaler Gesondheet zu Lëtzebuerg ausgetosch.

Zu den Héichpunkter vum Event huet eis Podiumsdiskussioun mam Titel „Wéi den DSP Nei Generatioun an den Europäesche Raum fir Gesondheetsdaten (EHDS) zu engem resilientere Gesondheetssystem bäidroe wäerten“ gezielt, déi op grousst Interessi gestouss ass. Den Austausch huet d’Méiglechkeeten ervirgehuewen, déi de sécheren Austausch vu Gesondheetsdaten, d’Interoperabilitéit an déi europäesch Zesummenaarbecht fir d’Weiderentwécklung vum Gesondheetssystem bidden.

Mir soen e grousse Merci un eis Referenten, souwéi un all déi, déi eis op eisem Stand besicht hunn.

Déi vill Gespréicher am Laf vum ganzen Event hu bestätegt, wéi wichteg et ass, d’digital Transformatioun vum lëtzebuergesche Gesondheetssystem gemeinsam virunzebréngen.

D’Agence eSanté freet sech drop, dës Entwécklung och an Zukunft zesumme mat all hire Partner weider ze begleeden.