FAQ - ELEKTRONESCHEN IMPFPASS (CVE) FIR D'FACHKRAAFT

FAQ ELEKTRONESCHEN IMPFPASS "CVE" - FACHKRAAFT

Hei handelt et sech ëm en Informatiounssystem, dat d’Impfdate vun der ganzer sozialversécherter Populatioun, Residenten an Net-Residenten, zentraliséiert. De CVE enregistréiert all d‘Impfstoffdosen, déi de Mënschen op Lëtzebuerger Territoire vun de Gesondheetsdéngschtleeschter, verofreecht goufen. De CVE erméiglecht och d‘Gestioun vum Stock vun den Impfstoffer, déi Deel vum nationalen Impfkalenner sinn.

  • Liichten Online Zougang zum Historique vun den Impfungen;
  • Hëllef bei der Indikatioun vum Impfstoff, Rappelle vun der Impfung mat abegraff;
  • Zréckverfolge vun den Impfstoffer an der Pharmakovigilanz (Datum vu der Impfung, Seriennummer, Verfallsdatum);
  • Vereinfacht Gestioun vum Stock – manner administrativen Opwand.

Wärend der Pilotphase hunn nëmmen déi Dokteren Zougrëff, déi um Projet deelhuelen.

Den Zougang zu dëser Applikatioun ass iwwer d’Portal vun der eSanté. D'Sich nom CVE vun engem spezifesche Patient gëtt iwwer seng Matricule oder säin Numm gemaach. Et ass virgesinn, datt den Zougang zum CVE deemnächst an déi professionell Praxissoftware integréiert gëtt.

Dat mécht den Dokter deen Iech impft, wärend der Impfung.

De Barcode vum Impfstoff gëtt gescannt (Datamatrix), sou ginn automatesch den Numm vun der Impfung, d'Serien- a Batchnummer, souwéi de Verfallsdatum enregistréiert.

Et ass aktuell net geplangt den Historique vun den Impfungen an de CVE ze iwwerdroen. No Léisungen gëtt de Moment gesicht.

Et ass méiglech de Barcode iwwert eng Webcam (integréiert oder extern) oder e Barcode Lieser ze scannen.

De CVE ass de Leit virbehaalen, déi zu Lëtzebuerg affiliéiert sinn, oder déi do wunnen. 

Et gëtt dru geschafft de CVE den internationale Richtlinnen unzepassen.

D‘Aarbecht um europäeschen an internationale Plang leeft. Soubal d'technesch Spezifizitéite vum grénge Pass bekannt sinn, kann iwwert d'Kompatibilitéit tëscht MSVAC / CVE IT Tools nogeduecht ginn.

Nee, déi giel Impfkaart bleift wärend der Pilotphase bestoen.

Jo, et kann een de CVE erausdrécken.

Nee, de System schéckt keng Notifikatioun un den Dokter. Mee, den Dokter huet awer Zougang op d‘Impfdaten (déi aktuell Impfung, Rappel fir Impfung, asw.) entweder via dem Patient säi CVE oder iwwer eng global Vue, déi den Historique vun all sengen Patienten uweist.  Et kënnen awer Notifikatiounen per SMS oder Email un d’Patiente geschéckt ginn.


Den Entscheedungssupportsystem integréiert den nationalen Impfplang wéi och d'Recommandatioune vum CSMI (Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses. Op dës Manéier gëtt d‘Entscheedungshëllef fir d’Impfung ënnerstëtzt. Rappeller vir déi verschidden Impfstoffer musse vun Fall zu Fall bewäert ginn.
 


Hei geet et net em den Zougang zu gelëschten « Net Geimpften ». De Gesondheetsministère huet Zougang zu den zougeloossenen Impfungsdeckungsdate fir verschidde Kategorie vun der Bevëlkerung. Zum Beispill ass et méiglech d'Immunisatiounsofdeckung aus enger spezifescher Alterskategorie zu enger bestëmmter Zäit erauszezéien.

Op der anerer Säit, am Fall wou d'Gesondheetsinspektioun en Tracing muss maachen (z.B. den Entourage vun enger Persoun déi diagnostizéiert gouf mat Meningite oder Riedelen), kann et sinn, datt d‘Impfdonnéëe vun de Leit déi Kontaktpersoun sinn, net verfügbar sinn. An dëse spezifesche Fäll, mat enger Oofkommes Prozedur, kënnen d'Impfdonnéëen vun dëse Leit gepréift ginn fir hiren Impfstatus ze kontrolléieren.

De Moment gëtt un enger Léisung geschafft, fir datt d‘Impfdate vum COVID -19 Vaccin, an de CVE kënnen intergréiert ginn.