Europäesch Impfwoch: Schutz duerch Impfung ass an all Alter wichteg
International
Den Elektroneschen Impfpass (CVE) hëlleft Iech, wärend Ärem ganze Liewen den Iwwerbléck iwwer Är Impfungen ze behalen
- Fir Kanner faasst de CVE den Historique vun den Impfungen zesummen an erliichtert de Suivi.
- Fir Seniorinnen a Senioren ënnerstëtzt den integréierte Gesondheetsprofil eng verstäerkt Preventioun an eng personaliséiert Begleedung.
Maacht en einfache Schrëtt fir Ären Impfschutz: Frot Ären Impfdokter Iech en Elektroneschen Impfpass opzemaachen.
