Europadag – Spezialausgab zum 40. Anniversaire !
Am Aklang mam europäesche Motto 'Vereenegt an der Diversitéit' markéiert d'Adoptioun vun der Verordnung iwwer de Europäesche Gesondheetsdatenraum (Espace européen des données de santé) vum leschte Joer e wichtege Wendepunkt fir dës Ambitioun am Gesondheetsberäich an d'Realitéit ëmzesetzen.
Dës Veruerdnung schaaft e gemeinsame juristeschen an techneschen Kader, deen d'Interoperabilitéit vun elektronesche Gesondheetsdossiere stäerkt an de sécheren Austausch vu Gesondheetsdaten tëscht Gesondheetsberuffler erliichtert, onofhängeg dovun, an wéi engem EU-Land de Patient behandelt gëtt.
Als Deel vum Digisanté-Programm, dee vum Ministère fir Gesondheet a Sozialsécherheet koordinéiert gëtt, schafft d'Agence eSanté enk mat allen relevante Akteuren zesummen, fir dëse wichtege europäesche Projet ëmzesetzen.
Zesumme bereede mir eis op d'zukünfteg Harmoniséierung vum Austausch an der Notzung vun elektroneschen Gesondheetsdaten an der EU vir.
Dës Dynamik bestätegt eng fest Iwwerzeegung: zesumme schaffen bedeit méi grouss Fortschrëtter ze maachen.
Fir eng verbonne, europäesch a Zukunftorientéierte Gesondheetsversuergung.
Méi Informatiounen iwwer den Europäesche Gesondheetsdatenraum fannt Dir hei. :
