Eng Informatiounsversammlung speziell fir d’Hiersteller vu Gesondheetsinformatiouns­systemer

Agence

Dësen Dënschdeg, 28. Juni 2022, huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung fir d‘Hiersteller vu Gesondheetsinformatiounssystemer organiséiert, fir hinnen en aktualiséierten Iwwerbléck iwwert d‘Servicer ze ginn, déi d‘Agence ubitt
 

Réunion industriels

Iwwer 80 Leit hunn un dëser Versammlung deelgeholl, déi am „House of BioHealth“ zu Esch-Uelzecht stattfonnt huet. Verschidde Mataarbechter hunn de Fortschrëtt vun den Haaptservicer vun der Agence virgestallt; nämlech den DSP (Dossier de Soins Partagé), den CVE (Carnet de Vaccination Electronique) an ePrescript, d‘ elektronesch Prescriptioun, déi geschwë lancéiert gëtt.

Et ass och vun der Geleeënheet profitéiert ginn, den eQualis Testlaboratoire (en Departement vun der Agence déi Zertifizéierung um Niveau vun Interoperabilitéit a Sécherheet vergëtt) an de Living Lab ze presentéieren, deen als Zil huet déi verschidden Acteuren am Beräich vun der digitaler Gesondheet zesummenzebréngen, fir si bei der Entwécklung vun innovative Léisungen ze ënnerstëtzen, déi d'Digitaliséierung vun der Gesondheet fërderen.

Aner Punkte goufen och diskutéiert, dorënner:

  • d'Skaléierbarkeet vun der Plattform
  • Sécherheet vun de Servicer
  • d'Zouverlässegkeet vun der Identitéit vum Patient
  • a Sensibiliséierung vun Dateschutzprinzipien

Och externe Partner hu matgemaach: Nicolas Claudon a Philipp Jaeggi - Laboratoires Réunis, an Nicolas Hesse - BioNext Lab, fir eng Demonstratioun vum FHIR Standard (Fast Healthcare Interoperability Resources) déi applizéiert ginn op d'Servicer vun der Agence.

No der Versammlung haten d'Membere vun der Agence d'Geleeënheet mat de presente Participanten Iddien auszetauschen, wat d'Zesummenaarbecht weider verstäerkt huet.

Fir déi komplett Presentatioun erofzelueden, klickt hei.