Eng Informatiounsversammlung fir d’Hiersteller vu Gesondheetsinformatiounssystemer

Agence

Dësen Dënschdeg, 13. Dezember 2022, huet d'Agence eSanté eng Informatiounsversammlung fir d‘Hiersteller vu Gesondheetsinformatiounssystemer organiséiert, fir hinnen en aktualiséierte Stand vun de Servicer ze presentéieren, déi d'Agence ubitt
 

Une réunion d’information dédiée aux industriels des systèmes d’information de santé

Iwwer 60 Leit hunn un dëser Versammlung deelgeholl, déi iwwer Videokonferenz ofgehale gouf. Verschidde Mataarbechter vun der Agence hunn ënner anerem Fortschrëtter am Zesummenhang mat der vereinfachter Authentifikatioun vun den eSanté Servicer fir Gesondheetsberuffler virgestallt, souwéi och Bereetstellungspläng vun ePrescript (elektronesch Ordonnancen) an dem CVE (elektroneschen Impfpass), déi fir 2023 virgesi sinn. De Christian Oberlé, President vum Verwaltungsrot vun der Agence eSanté, a President/Direkter vun der Gesondheetskeess, huet ausserdeem de PID (Immediat Direct Payment) presentéiert.

Fir déi komplett Presentatioun erofzelueden, klickt hei.