Eng Entscheedung, déi Liewe retten kann: Gitt Är Wënsch an Ärem elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) un
Gesondheets News
Fir de Welt-Organspend-Dag, deen den 17. Oktober gefeiert gëtt, erënnert d'Agence eSanté drun, datt den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) et all Bierger erméiglecht, hir Wënsch wat d'Organespend ugeet, kloer unzeginn.
D‘Organspend kann Patientë, déi op eng Transplantatioun waarden, eng zweet Chance bidden a vill Familljen Hoffnung zréckginn.
Wann Dir Iech fir d'éischte Kéier am DSP alogt, kënnt Dir uginn, ob Dir mat der Entnahm vun Organer no Ärem Doud averstanen sidd oder se refuséiert. Dës Erklärung ass juristesch verbindlech a gëtt vum Dokter viru all Prozedur konsultéiert.
Andeems Dir Är Wëllen am DSP agitt, hëlleft Dir sécherzestellen, datt Är Wënsch respektéiert ginn, a gitt domat Äre Léifsten an enger besonnesch schwéierer Zäit eng kloer Äntwert.
