En Dag am Zeeche vun der Fraegesondheet
E Samschdeg, de 6. Juni 2026, hëlt d’Agence eSanté deel un enger Informatiounsveranstaltung, organiséiert vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, déi ganz der Fraegesondheet gewidmet ass.
Am Kader vun der nationaler Initiativ Woch vun der Fraegesondheet sti bei dësem Event zwee wichteg Themen am Mëttelpunkt: Endometriose a Menopause. Dozou ginn zwee, fir de Public oppen, Virträg an der ENSA (École Nationale de Santé du Luxembourg, 2, Place Thomas Edison, L-1483 Stroossen) vun 10:00 bis 16:30 ofgehalen.
De ganzen Dag iwwer wäert eis Ekipp d’Visiteuren op engem Informatiounsstand begréissen. Do kënnt Dir Iech mat eise Mataarbechter austauschen, fir méi genee Informatiounen iwwer eis digital Gesondheetsservicer ze kréien an d’Schlësselroll vum elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) bei der koordinéierter Betreiung vu Patientinnen ze diskutéieren.
Den DSP ass e wichtegt Instrument fir:
- de sécheren Austausch vu Gesondheetsdaten ze vereinfachen,
- d’Koordinatioun tëscht Gesondheetsberuffler ze verbesseren,
- eng kontinuéierlech Betreiung z’ënnerstëtzen, besonnesch bei chronesche Krankheete wéi Endometriose,
- d’Selbstbestëmmung vun de Patientinne bei der Gestioun vun hirer Gesondheet ze stäerken.
Méi Informatiounen zu dëser Veranstaltung an d’Umeldung hei.
