Eisen Helpdesk am Centre François Baclesse

Agence

Den 30. Juni waren 2 Mataarbechter vun eisem Helpdesk am Centre François Baclesse zu Esch present fir de Gesondheetsdéngschtleeschter ze erlaaben hiren professionellen eSanté Kont op der Plaatz ze aktivéieren
 

Helpdesk au Centre Baclesse

En aktivéierten eSanté Kont erméiglecht hinnen dann den Zougrëff op d'eSanté Servicer, wéi z.B. den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé) - iwwert hir Praxissoftware z.B. - oder op den elektroneschen Impfpass (CVE - Carnet de Vaccination Électronique. Vun dëser Geleeënheet hunn och eenzel Professioneller profitéiert fir hiren Téléconsultatiounskont ze aktivéieren.

Wann Dir un engem professionellen Zougang interesséiert sidd, oder Informatioune wëllt kréien iwwert d’Implementatioun vum DSP an Är Praxissoftware, dann adresséiert Iech w.e.g. un eisen Helpdesk op der Nummer (+352) 27 12 50 18 33  oder per Email un helpdesk@esante.lu.