Eis präsenz op der Healthcare Week Luxembourg gëtt am Medinlux ervirgehuewen
Presseartikel
D’September-Ausgab vum Magazin Medinlux enthält en Artikel iwwer d’Agence eSanté, an deem hir Participatioun un der Healthcare Week Luxembourg (HWL) 2025 beliicht gëtt.
Vum 7. bis den 8. Oktober ass d’Agence eSanté op der HWL (Stand B09) vertrueden, fir sech iwwert déi grouss Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun am Gesondheetssecteur auszetauschen. Den Artikel beliicht:
- den Engagement vun der Agence fir eng vernetzt Gesondheet am Déngscht vun de Bierger an de Gesondheetsberuffler;
- hir wichtegst Servicer wéi den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé – DSP) an den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique – CVE);
- d’Perspektiven, déi EHDS (European Health Data Space – Europäesche Gesondheetsdatenraum) bitt;
- eng exklusiv Konferenz mam Thema „Vum DSP zum DSP NG (Next Generation)“, geplangt den 7. Oktober um 13:30 Auer.
Liest méi am Medinlux (op Franséisch) – a virun allem… kommt eis am Oktober op de Stand B09 besichen!
Wëllt Dir méi iwwert eis zukünfteg Eventer gewuer ginn?
Kuckt an eisen Event-Kalenner oder suivéiert eis op de soziale Medien.
