Den DSP – Nei Generatioun am Mëttelpunkt vun de Reflexiounen iwwer déi digital Transformatioun am Gesondheetswiesen

eSanté News
An hirer Oktober-Editioun beschäftegt sech de Magazine MedinLux mat der Healthcare Week Luxembourg 2026 an den Erausfuerderunge vun der digitaler Transformatioun vum Gesondheetssystem.

Ee vun den Themen, déi ugeschwat ginn, ass déi aktuell Entwécklung vum DSP – Nei  Generatioun (DSP-NG) a seng Fäegkeet, de Bedierfnesser aus der Praxis gerecht ze ginn.

D’Zil vum DSP-NG ass et, iwwer déi reng Späicherung vun Dokumenter erauszegoen an de Gesondheetsberuffler strukturéiert, relevant an direkt notzbar Gesondheetsinformatiounen zur Verfügung ze stellen. Andeems den Zougrëff op Donnéeën, déi fir d’Versuergung vun de Patienten nëtzlech sinn, vereinfacht gëtt an d’Integratioun mat Fachapplikatiounen a Spidolssystemer verstäerkt gëtt, soll en d’Koordinatioun vun der Versuergung ënnerstëtzen an de Gesondheetsberuffler Zäit spueren.

Am Kader vum Europäesche Gesondheetsdateraum (EHDS) baséiert den DSP-NG op zentrale Prinzippien ewéi Interoperabilitéit, Donnéeëqualitéit an enger Notzung vun den Donnéeën am Déngscht vun der klinescher Praxis.

Hei fannt Dir de kompletten Artikel op Franséisch.