Den DSP iwwerschreit d’Mark vun 20 Milliounen Dokumenter
Dës Zuel weist, datt den DSP ëmmer méi vun de Patienten a Gesondheetsberuffler ugeholl gëtt, déi en all Dag benotzen, fir wichteg medezinesch Informatioune fir d’Versuergung auszetauschen, anzegesinn an zesummenzestellen.
Dës erhéicht Notzung spigelt sech och an der Zuel vun aktivéierten eSanté-Konten erëm, déi néideg sinn, fir op den DSP an den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique, CVE) zouzegräifen: An de leschten 12 Méint goufen am Duerchschnëtt 3.257 Konte pro Mount vu Patienten a 104 vu Gesondheetsberuffler aktivéiert.
Well d’automatesch Iwwerdroung vun den Impfdonnéeën aus dem CVE an den DSP bei 90 % vun de CVE-Besëtzer aktivéiert ass, an an de leschten 12 Méint am Duerchschnëtt eppes méi wéi 2.000 CVE pro Mount ugeluecht goufen, huet déi erhéicht Notzung vum CVE och indirekt en Impakt op d’Benotze vum DSP.
Dës Indicateure bestätegen d’Roll vum DSP als zentraalt Instrument fir d’Koordinatioun vun der Gesondheetsversuergung, deen e sécheren Zougang zu Gesondheetsdaten zum Wuel vun alle Bedeelegten am Gesondheetssystem erméiglecht.
