Den CVE, Ären Impfstatus op ee Bléck!
Agence
Am Kader vun der Europäescher Impfwoch erënnere mir drun, datt den CVE (Elektroneschen Impfpass) dozou bäidréit, d’Impfquot an d’Impfversuergung an all Alterskategorie ze verbesseren.
Als wertvollen Tool fir all déi, déi impfen, erméiglecht en de Bierger och, hiren Impfstatus ze suivéieren an domat den Impfprozess fir sech selwer a fir déi, déi him um Häerz leien, besser an d’Hand ze huelen.
Fir den Impfstatus op ee Bléck z’erfaassen, bitt de CVE eng iwwersiichtlech Tabell mat Faarfcodéierung.
Den CVE: e kloren an iwwersiichtlechen Tool, deen de Suivi erliichtert.
