D'Resultater vu Röntgen oder medezinesche Biller just mat e puer Mausklicken verfügbar!

eSanté News

Zënter Juli bidden déi 4 grouss Spideeler zu Lëtzebuerg (CHL, CHdN, CHEM an HRS) dësen zentraliséierten a séchere Service un, deen an enker Zesummenaarbecht tëscht der Agence eSanté a LUXITH entstanen ass

Image

Dank dësem neien digitale Gesondheetsservice sinn Är Scans, IRMen an Röntgen direkt an Ärem DSP (Dossier de Soins Partagé) zougänglech.

D'Virdeeler?

  • Méi einfach Patienteversuergung a Betreiung, well d'Donnéeën tëscht de Gesondheetsberuffler kënnen ausgetosch ginn
  • Vermeide vun duebelen Ënnersichungen
  • Einfacht Erofluede vun Dokumenter, fir net mat CDen an DVDe belaascht ze sinn
  • Séier, deels direkt Zoustelle vun Dokumenter, op Ufro vum Patient

Klickt hei fir méi Informatiounen.

Dir hutt Ären eSanté Kont, deen Iech Zougang op Ären DSP gëtt, nach net aktivéiert?

Klickt hei. D’Aktivéieren dauert nëmmen 2 Minutten