D’Handlungsfäegkeet vun den Infirmiere rett Liewen !
Dat ass d’Thema vum Internationalen Dag vun den Infirmieren 2026, deen de Message vum Internationale Conseil vun den Infirmiere weidervermëttelt: „Fir den Impakt vum Fleegepersonal bei der Rettung vu Liewen ze maximiséieren, musse mir hinnen d’Moyene ginn, fir ze handelen […]“.
Fir dësen Zweck stellt déi lëtzebuergesch Regierung hinnen en zouverlässegt, einfach ze benotzen an dateschutzkonformt digitaalt Instrument zur Verfügung: den Elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP). Direkt nom Dokter, ass Infirmier dee Beruff, deen autoriséiert ass, déi gréisst Villfalt un Dokumenter an den DSP ze setzen an/oder ze consultéieren. Den DSP kann Zäit spueren an d’Effizienz bei der Versuergung an der Kontinuitéit vun der Betreiung vun de Patienten däitlech verbesseren.
Fir datt si sech op dat Wichtegst konzentréiere kënnen – präzis Gesten, nolauschteren, Intuitioun a virun allem d’Koordinatioun ronderëm de Patient … – stäerkt den DSP d’Handlungsfäegkeet vun den Infirmieren.
Méi Informatiounen iwwer den DSP fannt Dir hei.
