D’Aktioun „myDSP on tour” stäerkt och weiderhin d’digital Autonomie am Gesondheetswiesen.

Agence

D’Agence eSanté huet viru kuerzem, a Kollaboratioun mat Golden Me zu Bouneweg, zwou „myDSP on tour”‑Aktiounen duerchgefouert

Membre de l'Agence aidant une personne âgée sur son smartphone

Den Dënschdeg, 24. Februar 2026, hat d’Ëffentlechkeet d’Méiglechkeet, am Kader vun enger Informatiounsveranstaltung den Elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP) kennenzeléieren – säin Notzen, wéi e funktionéiert an d’Modalitéite fir den Zougrëff an den Austausch mat Gesondheetsberuffler.

Den Donneschdeg, 26. Februar 2026, huet d’Agence eSanté un der Initiativ „SmartCafé” deelgeholl, wou Fräiwëlleger, d’Participante bei der Benotzung vun hiren digitalen Apparater ënnerstëtzt hunn. Interesséiert Persoune konnten zousätzlech eng perséinlech Berodung kréien, fir sech mat hirem DSP vertraut ze maachen.

Dës zwou Veranstaltungen hunn d’Relatioun zu de Bierger gestäerkt an d’digital Autonomie am Beräich vun den Online‑Gesondheetsinstrumenter gefërdert.

Klickt hei, fir déi nächst „myDSP on tour”‑Aktiounen ze entdecken.