D‘Agence eSanté stellt hir Servicer um Orientéierungsdag vir

Evenementer
De Samschdeg, 20. September 2025, huet d’Agence eSanté um Orientéierungsdag deelgeholl – eng Veranstaltung fir d’Beneficiaire vum Accueil- an Integratiounskontrakt souwéi fir d’Participante vum Programm „Biergerpakt“
Membre de l'Agence sur stand avec visiteur

Dësen Dag gouf organiséiert fir d'Integratioun vun Neibierger zu Lëtzebuerg ze vereinfachen, an huet op enger Plaz verschidden Informatiouns-Stänn zu administrativen Themen, nationalen Institutiounen a lokalen Initiativen zesummebruecht.

Bei dëser Geleeënheet huet d'Agence eSanté zwee digital Servicer virgestallt, déi fir Patienten onëmgänglech sinn:

  • Den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé - DSP): en digitale Geondheetsdossier, deen et erlaabt, medezinesch Donnéeën ze zentraliséieren an tëscht Patienten an Gesondheetsberuffler auszetauschen.
  • Den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique - CVE): eng praktesch Léisung fir online-de Suivi vun Impfungen ze vereinfachen.

D'Agence eSanté hëlt reegelméisseg un Eventer deel, fir d'Ëffentlechkeet iwwer hir digital Servicer z'informéieren. Déi nächst Datumer fannt Dir an eisem Kalenner.