D'Agence eSanté setzt hir Sensibiliséierungsaarbecht um Orientéierungsdag fort

Agence
De Samsden 19. September 2026 huet d’Agence eSanté un enger weiderer Editioun vum Orientéierungsdag deelgeholl, deen am Kader vum Programm „Biergerpakt“ organiséiert gouf.

Dësen Dag, dee vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an d’Liewe geruff gouf, bitt neien Awunner d’Méiglechkeet, d’Déngschter, Ariichtungen an Administratioune kennenzeléieren, déi fir hir Integratioun zu Lëtzebuerg nëtzlech sinn.

Als ee vun de villen Aussteller huet d’Agence eSanté d’Visiteuren op hirem Stand empfaangen, fir si iwwer déi digital Gesondheetsléisungen, déi hinnen zur Verfügung stinn z’informéieren. D’Participante konnten sech besonnesch iwwer den elektronesche Gesondheetsdossier (Dossier de Soins Partagé, DSP) an den elektroneschen Impfpass (Carnet de Vaccination Électronique, CVE) informéieren, hir d‘Fonctionnement besser verstoen an individuell Äntwerten op hir Froe kréien.

Mat esou Initiative stäerkt d’Agence eSanté hir Proximitéit zu de Bierger a féiert hir Informatiouns- a Sensibiliséierungsaktiounen am Beräich vun der eSanté weider.

All eis nächst Evenementer fannt Dir an eisem Kalenner.