D'Agence eSanté presentéiert d'Highlights vum Joer 2025 an d'Ännerungen an hirer Direktioun
Bei dëser Geleeënheet huet de Marc Hostert, President vum Verwaltungsrot, den Alexandre Baumeister virgestallt, deen zënter dem 15. Juni 2026 als Generaldirekter bei der Agence eSanté täteg ass. Hien huet och matgedeelt, datt déi ordinär Generalversammlung d'Verlängerung vu senger Ernennung als President vum Verwaltungsrot fir eng Mandatszäit vun dräi Joer confirméiert huet, souwéi déi vun de Geschäftsleit, déi am Verwaltungsrot vertruede sinn.
Duerno hunn den Här Hostert an den Här Baumeister en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Evenementer ginn a betount, datt d'Joer 2025 souwuel op nationalem wéi och op europäeschem Niveau e wichtegt Joer fir d'digital Gesondheet war. An dësem Zesummenhang hunn si national Initiativen ervirgehuewen, déi sech positiv op d'Aktivéierung vun eSanté-Konten an op d'Notzung vun den eSanté-Servicer ausgewierkt hunn an domat méi Benotzer den Zougang zu dëse Servicer erméiglecht hunn.
Si waren sech eens, datt d'Verëffentlechung vun der Veruerdnung iwwer den Europäesche Raum fir Gesondheetsdaten (EHDS) den Héichpunkt vum vergaangene Joer duerstellt, well si e gemeinsame juristeschen an technesche Kader fir den Austausch an d'Notzung vun elektronesche Gesondheetsdaten an der ganzer Europäescher Unioun schaaft. Dëse Kader wäert den Austausch vu Gesondheetsdaten tëscht de Gesondheetsberuffler, déi un der Versuergung vu Patiente bedeelegt sinn, an all EU-Land vereinfachen.
Fir weider Informatiounen:
