D'Agence eSanté huet um "Internationalen Dag vun den eelere Leit" deelgeholl

Evenementer

Den 1. Oktober 2021, huet am Kulturzentrum zu Bouneweg de "Weltdag vun den eelere Leit" ënner dem Motto "Wëllkomm an der digitaler Welt" stattfonnt. D'Agence eSanté war bei dëser Geleeënheet och mat engem Informatiounsstand vertrueden

Club Senior JIPA

Organiséiert vum "Club Seniors", dem RBS - "Center fir Altersfroen" an dem Familljeministère, hu verschidden Organisatiounen a Firmen um Event deelgeholl, dorënner och d'Agence eSanté. Bei dëser Geleeënheet konnten eis Mataarbechter vill Froen iwwer den DSP (Dossier de Soins Partagé) an dem Aktivéiere vum eSanté Kont, beäntweren.