D’Agence eSanté engagéiert sech ëmmer méi fir den Europäesche Gesondheetsdatenraum (EHDS) …
Europa
E Mëttwoch, den 21. Oktober, gouf am Kader vum nationale Programm Digisanté de Projet EHDS5 lancéiert.
Dëse Projet soll bis Mäerz 2029 d’Aféierung vun der elektronescher Verschreiwung (ePrescriptioun) an der elektronescher Ausgab (eDispensatioun) vu Medikamenter a medezineschen Dispositiver erméiglechen, souwuel op nationalem Niveau wéi och am grenziwwerschreidende Kontext.
D’Agence eSanté huet Vertrieder vun e puer vun de wichtegsten Acteuren aus dem Gesondheetssecteur am Land empfaangen, fir si iwwer de Projet z’informéieren, hir éischt Reaktiounen ze kréien an d’Organisatioun vun den zukünftegen Aarbechten ze preparéieren. Dës Aarbechte ginn zesumme mat der Divisioun vun der Pharmacie an de Medikamenter vun der Gesondheetsdirektioun, an der Gesondheetskeess, geleet.
