D’Agence eSanté begéint d’Bierger um Orientéierungsdag
Dësen Dag gouf vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil am Kader vun der Integratioun organiséiert a war eng Geleeënheet, vill Acteuren op enger Plaz zesummenzebréngen, déi Informatiounen an Ënnerstëtzung fir administrativ Prozeduren, ëffentlech Servicer a lokal Initiativen ubidden.
Bei dëser Geleeënheet war d’Agence eSanté mat engem Stand vertrueden, fir hir digital Gesondheetsdéngschter virzestellen, besonnesch den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP – Dossier de Soins Partagé) an den elektroneschen Impfpass (CVE – Carnet de Vaccination Electronique). D’Visiteure konnten sech konkret iwwer dës Servicer informéieren a Froe stellen.
Mat hirer Participatioun u sou Initiativen, fërdert d’Agence eSanté weiderhin d’Notzung vun digitale Gesondheetsdéngschter bei de Bierger an de Gesondheetsberuffler.
All déi nächst Evenementer fannt Dir an eisem Kalenner.
