Artikel iwwert den DSP, op rtl.lu publizéiert

Agence

Den Artikel kennt op d’Äntwert vum Gesondheetsministère an der Sécurité Sociale op eng parlamentaresch Fro zeréck, a stellt verschidde Statistiken iwwert den DSP (Dossier de Soins Partagé)vir souwéi déi nei Funktionalitéiten, déi geschwënn disponibel sinn

Logo

Den Artikel informéiert, datt e puer Méint nom Aféiere vum DSP, 915.000 Dossier’en opgemaach an iwwert 3 Milliounen Dokumenter gespäichert goufen; dovun eng grouss Partie un Laboratoireanalysen. An dëser Pandemieszeit huet daat et de Patienten erméiglecht, hir Resultater vun de Covid 19 Tester, an hirem DSP ze gesinn.

Den Artikel weist och op déi nei Funktionnalitéiten hin, déi geschwënn disponibel sinn, an den DSP nach méi indispensabel maachen. Enn Juni kënne medezinesch Biller am DSP konsultéiert ginn (Scanner, Röntgen). De Service vun ePrescription kënnt géint Enn Juni eraus an erlaabt et op dematerialiséiert Ordonnancen vu medezineschen Analysen oder Medikamenter zeréckzegreifen, an duerno och op Krankenschäiner. An den nächste Méint gëtt eng mobil Applikatioun lancéiert, déi et erméiglecht egal wéini iwwert de Smartphone op den DSP zouzegräifen.

Klickt hei fir de ganzen Artikel ze liesen.