Am Austausch mat de Generalisten
Agence
D’Agence eSanté huet de leschte Weekend vum Abrëll um 17. Groussen Dag vun de Generalisten deelgeholl, organiséiert vun Alformec – der lëtzebuergescher Associatioun fir kontinuéierlech medezinesch Weiderbildung.
Dësen Event huet am Parc Hôtel Alvisse zu Dummeldeng stattfonnt an huet vill Generaliste ronderëm e vilfältege Programm vu prakteschen an interaktive Workshops zesummebruecht.
Mat engem Stand vertrueden, hat d’Agence eSanté d’Méiglechkeet, sech mat Gesondheetsberuffler iwwer hir digital Servicer auszetauschen, op hir Froen anzegoen an d’Entwécklungen a Pläng virzestellen, déi dobäi hëllefe kënnen hir deeglech Praxis ze vereinfachen.
Dësen Dag war eng wäertvoll Geleeënheet, fir d’Bezéiunge mat den Acteure um Terrain ze stäerken an d‘Weiderbildung an der Allgemengmedezin zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen.
Sidd Dir e Gesondheetsberuffler a wëllt Dir méi iwwer eis digital Servicer gewuer ginn?
Mellt Iech hei fir eng vun eise Formatiounen un:
