Accueil  >  Agence eSanté  >  Notre histoire, nos missions

Notre histoire, nos missions

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken

Eis Geschicht

Geschicht

Oktober 2006

Déi lëtzebuergesch Regierung lancéiert den eSanté-Aktiounsplang, deen zur Grënnung vun der Agence eSanté gefouert huet.

Déi éischt Projeten déi am Kader vum Aktiounsplang gefouert goufen, hunn däitlech drop higewisen, dat d’Gesondheetsfachleit eng Plattform brauchen, déi et hinnen erméiglecht, sech ënnereneen auszetauschen a gemeinsam elektronesch Gesondheetsdonnéeën ze notzen.

September 2010

De Regierungsrot decidéiert eng national Agence ze grënnen, déi d‘Aufgab zougewise kritt, eng Plattform fir déi gemeinsam Notzung an de sécheren Austausch vun elektronesche Gesondheetsinformatiounen ze entwéckelen.

17. Dezember 2010

D'Gesetz iwwert d‘Gesondheetsreform vum 17. Dezember 2010, a méi genee d‘Artikele 60ter a 60quater, bilden déi legal Basis vun der Agence eSanté.

25. Oktober 2011

Grënnung vun der Agence eSanté : d'Haaptacteuren aus dem Gesondheetsberäich decidéieren, gemeinsam eng Wirtschaftlech Interessevereenegung (G.I.E) ze etabléieren ënnert de Numm "Agence eSanté- agence nationale des informations partagées dans le domaine de la santé".

Mäerz bis September 2012

Déi éischt Personalmembere ginn agestallt, wouduerch d’Agence mat enger 5 Persoune staarker Equipe richteg operationell gëtt.

Haut

D'Gestioun vun der Agence eSanté gëtt vun engem interdisziplinären an dynameschen Team vun 18 Leit assuréiert, dat vum Här Hervé Barge geleet gëtt.

 

 

 

 

Eis Missiounen

Missiounen

Wéi d‘Artikele 60ter a 60quarter vum Code de la sécurité sociale bestëmmen, besteet d'Haaptaufgab vun der Agence dran, eng besser Notzung vun de Gesondheetsdonnéeën an Informatiounen ze garantéieren an eng besser Koordinatioun vun der Patienteversuergung sécherzestellen.

Dëst soll mat Hëllef vu folgende Schrëtter realiséiert ginn:

 

D’Interoperabilitéit innerhalb vum Gesondheetswiesen an de medezinesche Fleegedéngschter erméiglecht et, dass zwee oder méi Acteure vum Gesondheetswiese Gesondheetsdonnéeën austausche kënnen an dës op déi selwecht Weis verstinn. D’Interoperabilitéit ass also d’Schlësselelement fir d’Kontinuitéit bei der Patienteversuergung sécherzestellen an ze garantéieren, dat déi medezinesch Informatioune vum Patient während dem gesamte Prozess vun der Behandlung, eendeiteg, kohärent a verständlech sinn.

Partnerschaften

Fannt hei eis Partner an hir kompatibel Systemer

Klickt hei, fir Zougrëff op d’Lëscht vun de Gesondheetsinstitutiounen an de Softwareprogrammer vun den Dokterpraxissen ze kréien, déi ewell mat der eSanté Plattform connectéiert sinn.

 

Am Kader vun hirer Missioun wëll d’Agence:

  • Eng Vereinfachung an eng Verbesserung vun der Präventioun, Diagnostik, Behandlung an der medezinescher Iwwerwaachung erreechen;
  • Zur Steigerung vun de Qualitéit an der Sécherheet vun der Gesondheetsversuergung vum Patient bäidroen;
  • D‘Servicer an d’Verwaltung vum nationale Gesondheetsberäich verbesseren, virun allem duerch eng besser Disponibilitéit vu Standarddonnéeën;
  • Zur Reduzéierung vun de Gesondheetsausgabe bäidroen, besonnesch duerch d’Vermeide vun iwwerflëssegen Tester an Analysen.

 

Top