Accueil  >  Agence eSanté  >  Identitovigilance  >  Identitovigilance

Méi Informatiounen

Identitovigilance

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken

An engem Informatiounssystem mat enger Plattform fir den Austausch vu Gesondheetsdonnéeën, wéi d'eSanté Plattform vun der Agence, ass d'Identifizéierung vun den zwee Acteuren, déi vun dësem Austausch betraff sinn - de Gesondheetsberuffler an de Patient -  vu kapitaler Bedeitung. D'Agence huet also, scho bei der Konzeptioun vun der Plattform, zwee Grondbausteng virgesinn, déi d’Authentifizéierungs-Referenzbasis fir den Zougrëff op d’Servicer vun der eSanté Plattform bilden, op Basis vun där d’Zertifizéierungsmechanisme vun der Identitéit vum Patient oder der connectéierter Persoun definéiert sinn:

  • Dat nationaalt Referenzregëster vun de Gesondheetsberuffler
  • D’Regëster vun de Patienten (dat heescht vun de Persounen, déi vum lëtzebuergeschen Sozialversécherungssystem ofgedeckt sinn)
     

Wann ee weess, dass e Patient - a priori - vu verschiddene Gesondheetsberuffler betreit gëtt, déi Gesondheetsinformatiounen, déi hie betreffen a séin Dossier de Soins Partagé (DSP) deposéieren, ass et onëmgänglech, dass all déi a séin Fleegeparcours implizéiert Persoune garantéiere mussen, dass dëse Patient während senger ganzer Betreiung korrekt identifizéiert gëtt.

Et ass also kapital, fir Risiko- a Feelerpräventiouns- a Gestiounsmëttel an Instrumenter am Beräich vun der Patientenidentifizéierung virzegesinn. Dëst gëtt duerch d'Notioun vun der Identitovigilance ofgedeckt.

D’Identitovigilance: eng Disziplin, déi onëmgänglech ginn ass

D’Identitovigilance ass, am Kontext vum Spidolswiesen, als Objektiv an als Risiko- a Feeleriwwerwaachungs- a Gestiounssystem am Beräich vun der Patientenidentifizéierung definéiert, e System, deen och viséiert, vun der administrativer Identitéit mat Facturatiounszweck zu enger klinescher Identifizéierungskultur, am Kader vun enger Demarche an engem Fleegequalitéits- a Sécherheetsgesamtprojet iwwerzegoen.

Si viséiert et ze garantéieren, dass all d’Patiente während hirer ganzer Betreiung am Spidol a beim Austausch vun de Gesondheets- a Verwaltungsdonnéeë korrekt identifizéiert ginn. D'Objektiv ass et, d'Identifizéierung vum Patient a vun den Dokumenter, déi hie betreffen, während der ganzer Dauer vun der Betreiung ze fiabiliséieren, fir sou ëmmer "déi richteg Betreiung, fir de richtege Patient, zum richtege Moment" ze maachen.

Kontakt

Fir méi Informatiounen zum Thema Identitovigilance, kontaktéiert w.e.g.

Vivian Preclin

Temporaire Responsabelen fir de Beräich Patientenidentifikatioun-
iwwerwachung

Top