Accueil  >  Agence eSanté  >  Eis Berodungsgremien  >  Kopie vun Eis Berodungsgremien

Kopie vun Eis Berodungsgremien

  • Ausdréckbar Versioun
  • Op déi ursprénglech Taille zeréckkommen
  • D'Taille vum Text vergréisseren
  • Engem Frënd schécken

Et ass kloer, dass den Opbau vun der nationaler eSanté Serviceplattform, déi op d’Bedierfnesser an d’Specificitéite vun de verschiddenen Informatiounssystemer vum Lëtzebuerger Gesondheetssecteur äntwert, net duerchgefouert ka ginn, ouni déi verschidden Acteuren aus dem Gesondheetsberäich mat an de Prozess anzebannen.

Dowéinst ginn zanter der Grënnung vun der Agence eSanté, Gesondheetsexperten an Interessevertrieder vum Patient ëmmer geziilt an d’Berodungen an an déi strategesch Decisioune mat agebonnen.

Aus dësem Grond goufe verschidde Berodungsgremien agefouert, déi während dem gesamten Entwécklungsprozess vun der eSanté Plattform an Usproch geholl goufen.

Ënnert dëse Gremie gëtt et:

 

Komiteeën

Berodend Komiteeën

De Verwaltungsrot huet zwee berodend Komiteeën agefouert, déi d’Aufgab hunn Recommandatiounen ofzeginn. Dës Gremie setzen sech aus Vertrieder vu Membere vum G.I.E. zesummen.

Si traitéieren zwee verschidden Themen: den éischte Komitee befaasst sech mat den etheschen a moraleschen Aspekter vun der Veraarbechtung vun, a vum Zougrëff op sensibel perséinlech Daten. Den zweete beschäftegt sech mat der Interoperabilitéit, technesche Standarden an Normen.

Ziel vun dëse Komiteeën ass et, d’Agence eSanté bei hire fachlechen Iwwerleeungen ze ënnerstëtzen: dëst soll engersäits zu enger Weichestellung mat Handlungshiweiser fir Interoperabilitéit féieren an anerersäits zur Entwécklung vun engem deontologeschen an ethesche Guide fir d’Benotzung vu Gesondheetsdonnéeë bäidroen.

Interoperabilitéit

Alles iwwert d'Interoperabilitéit

An enger éischter Etapp huet d’Agence eSanté fir d’Ausschaffung vun hirem Leitschema fir Gesondheetsinformatiounssystemer d’Haaptacteure vum Gesondheetssecteur zu Rot gezunn: an éischter Linn fir duerch hire Bäitrag eng Bestandsopnam vun de schon bestoenden Informatiounssystemer tëschent de relevanten Institutiounen ze identifizéieren, fir dann de Bedarf vun de Gesondheetsdéngschtleeschter ze ermëttelen.

Ausserdeem hunn eng Rei Aarbechtsbespriechungen iwwert den CDA stattfonnt (“Clinical Document Architecture”). Dësen Dokumentstandard ass een Deel vum HL7 Standard a gëtt dacks fir klinesch Dokumenter benotzt. Dës Aarbechtsgruppe fir den CDA goufen zesummegesat aus Experten aus den Domäne “biologesch Analys” a “Radiologie”, fir d’Implementéierung vun de Spezifikatioune vun de Meta-Date vum CDA Header, souwéi vun de strukturelle Referenze vum eigentleche Contenu vun de Radiologieresultater an de Laboresultater festzeleeën.

Zougrëffsbestëmmungen

Alles iwwert d'Zougrëffsbestëmmungen

D’Agence eSanté huet Aarbechtsgruppe mat Vertrieder vu verschiddene Gesondheetsberuffer zesummegestallt, fir eng Matrix fir Zougrëffsbestëmmunen auszeschaffen, déi all d’Zougrëffsrechter fir Gesondheetsfachleit op den DSP zesummefaasst. Dës Zougrëffsrechter ginn duerch entspriechend Beruffsgruppe vun de Gesondheetsdéngschtleeschter, dem Datentyp an den Dokumenter, déi am Kader vun der Behandlung néideg ginn, bestëmmt. An dësem Kontext huet d’Agence eSanté insgesamt 24 Sëtzunge mat ronn 100 Gesondheetsfachleit organiséiert.

 

Protection des donnees

Alles iwwert d’Protektioun vun Donnéeën

D’eSanté Plattform an hir Servicer, déi den elektronesche Patientendossier aschléissen, goufe vun der Agence eSanté entwéckelt, fir eng gemeinsam Notzung an de sécheren Austausch vu Gesondheetsdonnéeën tëschent Gesondheetsfachleit an de Patienten ze fërderen. Gesondheetsdonnéeën si sensibel perséinlech Daten, déi d’Privatliewe vum Patient direkt betreffen. Dowéinst ass bei der Veraarbechtung vun dësen Donnéeën, déi fir d’Kontinuitéit an d’Koordinatioun vun der Versuergung néideg sinn, en héijen Niveau un Sécherheet an eng staark Protektioun vun der Privatsphär vum Patient ze garantéieren.

Fir sécher ze stellen, dat d’Prozesser an d’Mëttele bei der Dateveraarbechtung de legale Virschrëften vum Dateschutz entspriechen, hunn d’Experte vun der Commission Nationale de la Protection des Données (National Kommissioun fir d’Protektioun vun Donnéeën) sech mat Mataarbechter vun der Agence eSanté an engem Aarbechtsgrupp zesummegesat, fir d’Komponenten an d’Déngschtleeschtunge vun der eSanté Plattform ze analyséieren.

Ziel vun dëser Analys ass et, ee pragmateschen Usaz ze schaffen deen et erméiglecht den DSP mat de néidege Sécherheetsmesuren anzeféieren an esou op der enger Säit d'Vertraue vun de Patienten ze gewannen, an op der anerer Säit zukünftegen Ufuerderungen op europäeschem Plang ze entspriechen.

Top