Agence eSanté um «Salon de l'inclusion numérique»
Dësen Event, deen der Allgemengheet op stoung, ass Deel vun den Efforte vum Ministère fir Digitaliséierung fir jiddereen un der digitaler Transformatioun vun der Gesellschaft mat deel huelen ze loossen.
Beim Event, deen am Forum Geesseknäppchen stattfonnt huet, huet ons Ekipp ons féierend digital Gesondheetsservicer, den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP - Dossier de Soins Partagé) an den elektroneschen Impfpass (CVE - Carnet de Vaccination Électronique) virgestallt, a sech mat de ville Visiteuren, déi un de Virdeeler vun dësen elektronesche Gesondheetsservicer interesséiert waren, ausgetosch. E puer Visiteuren haten och d'Méiglechkeet hiren eSanté Kont op der Plaz ze aktivéieren.
►Wëllt Dir Ären eSanté Kont aktivéiere fir de gratis Zougang op d‘eSanté Servicer? Kontaktéiert onsen Helpdesk um (+352) 27 12 50 18 33 oder per E-Mail op helpdesk@esante.lu.
