Pseudonymisatiounsservice fir de Gesondheetsberäich (SPS)

Iwwer d‘Pseudonymisatioun 

D’Pseudonymisatioun – d’Ersetze vun Identifikatiounsdonnéeën duerch e Pseudonym - ass e Prozess woubäi vertraulech Donnéeën, déi mat der Identitéit vun enger Persoun kënne verknëppt ginn, hiren nominative Charakter verléieren. Duerch d’Pseudonymisatioun bleiwe vertraulech Donnéeën an all Dossieren an de Computersystemer mat der selwechter Persoun verknëppt, ouni datt d‘Identitéit vun der betraffener Persoun opgedeckt gëtt. Esou kennt d‘Quell (de Gesondheetsberuffler, deen d’Idenfikatiounselementer vum Patient huet) den attribuéierte Pseudonym (Kennzeechen) net, an den Empfänger vun den Daten kennt nëmmen den attribuéierte Pseudonym (Kennzeechen), ouni jee d‘Identitéit vum Patient gewuer ze ginn. 

Eng wesentlech Charakteristik vun der Pseudonymisatioun ass, d’Méiglechkeet ze re-identifizéiere, wat an engems och den Ënnerscheed mat der Anonymisatioun ass. Aus dësem Grond gëtt dës Technik allgemeng als wichteg Method fir d’Vertraulechkeet vu perséinleche Gesondheetsinformatiounen ze schützen unerkannt, ganz besonnesch am Beräich vun der Fuerschung. D’Pseudonymisatioun vereinfacht och d‘Upassung vun de Gesondheets- a Fuerschungsstrukturen un d’EU-Datenschutzveruerdnung (Artikel 25 "Datenschutz durch Technikgestaltung und durch datenschutzfreundliche Voreinstellungen" und Artikel 32 "Sicherheit der Verarbeitung") an un déi international Normen (ISO/TS 25237:2017 "Gesundheitsinformatik - Pseudonymisierung").

Säit 2015 reechen ëmmer méi Partner eng Ufro fir de Pseudonymisatiounsservice an, ganz besonnesch Partner aus dem Beräich vun der medezinescher Fuerschung, wéi z.B. Acteuren déi um nationale Kriibsplang bedeelegt sinn, oder d‘International Biobank of Luxembourg (IBBL). Dofir huet d’Agence eSanté déi éischt Aktivitéiten ënnerholl fir dësen Déngscht ubidden ze kënnen, fir et de betraffenen Acteuren esou méiglech ze maachen, pseudonymiséiert Donnéeën am Kader vun hirer Aktivitéit zur Verfügung kënnen ze stellen.

De Service SPS deen d‘Agence ubitt gesäit vir, datt dem Patient seng Identitéitsdonnéeë pseudonymiséiert ginn, wouduerch Fuerschungsstrukturen de Gesondsheetsdonnéeën vu Patienten op eng kontrolléierter Aart a Weis kënnen notzen. D’Pseudonymisatioun ass eng fundamental Viraussetzung fir d’Veraarbechtung vun dësen Donnéeën, a geschwënn och fir d’Verwaltung an d’Integratioun vu „Big Data", déi an den technologeschen a wëssenschaftlechen Innovatiounen omnipresent ass.

Duerch dëse Service gëtt Agence eSanté en zentralen Acteur, deen de Gesondheetssecteur mat dem akademesche Secteur an der medezinescher Fuerschung matenee verbënnt.

Eis Partner déi dëse Service benotzen

D’Agence stellt der„Integrated BioBank of Luxembourg“ (IBBL), de Service säit Enn 2018 am Kader vum éischte Benotzer zur Verfügung.

Säit  dësen éischte „Cas d’usage“ a Betrib geholl gouf, hu verschidden aner Acteuren hiren Interessi Un dësem Déngscht fir spezifesch „Cas d’usage“ manifestéiert. D'Strukture mat deenen d'Agence scho fir de Gebrauch vum Service a Kontakt komm ass, sinn:

  • de Luxembourg Institute of Health  (LIH)
  • de Laboratoire National de Santé (LNS)
  • de Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (Université du Luxembourg) (LCSB)
  • d’Hôpitaux Robert Schuman
  • de Centre Hospitalier de Luxembourg
  • d’Direction de la Santé
  • den Institut National du Cancer (INC)