ALLGEMENGES
Wat ass Teleconsultatioun?
Teleconsultatioun ass eng Consultatioun iwwert Video, déi op Distanz tëschent dem Patient an der medezinescher Fachkraaft duerchgefouert gëtt. Si erméiglecht et de Patient ze betreien an de Suivi vun der Bahandlung ze machen, ouni dat hien an d'Praxis muss kommen. Teleconsulatioun war entscheedend an der Noutfallsituatioun vum Covid, well se d'Deplacementer an de perséinleche Kontakt vu Mënschen, a soumat den Ustiechungsrisiko begrenzt huet. Well Covid ëmmer nach aktuell ass, bleift Teleconsultatioun och weiderhi recommandéiert.
Ass d’Benotze vun der Teleconsultatiounplattform obligatoresch?
Nee, se ass net onbedéngt néideg. Teleconsultationsplattform erméiglecht awer en direkten elektroneschen Austausch vun Dokteschrechnungen, Ordonnancen (fir Aptikt oder Laboratoiren), a Krankeschäiner.
Wéi kréien ech Zougrëff op de Service Teleconsultation?
Dir kënnt Äre Benotzerkont direkt hei opsetzen.
Wat maache mat de verschiddenen Dokumenter, déi den Dokter wärend der Teleconsultatioun erstallt huet?
All Dokument dat an der Berodung mam Dokter wärend der Teleconsultatioun ausgestallt gëtt, gëtt Iech automatesch op Ärem eConsult Kont zur Verfügung gestallt. Dir kritt eng Nooricht per E-Mail, déi Iech dorops hiweist dat Dokumenter op Äre Kont eropgeluede goufen. Hei fannt Dir wat Dir fir déi verschidden Dokumenter ze gesinn, maache musst.
Krankeschäin:
Dëse besteet aus 3 Voleten:
- Volet 1: gëtt automatesch un d‘CNS (Gesondheetskeess) geschéckt
- Volet 2: muss Dir behalen
- Volet 3: muss ausgedréckt ginn an un Äre Patron geschéckt ginn
Ordonnance vu Medikamenter:
Dréckt w.e.g. d’Ordonnance vum Dokter aus:
- Wann d’Ordonnance ënnen lénks e QR-Code huet: Dann kënnt Dir an eng Apdikt vun Ärer Wiel goen. Den Apdikter kann dës Ordonnance iwwert säi Computersystem consultéieren, andeems hien Är Matricule agëtt.
- Wann d’Ordonnance keen QR-Code huet, waart w.e.g. bis Dir d’Original vun Ärem Dokter per Post oder perséinlech kritt hutt.
Ordonnance vun Analysen:
Dës ginn automatesch un de Labo vun Ärer Wiel geschéckt. Dir kënnt dann direkt an dee Labo goen.
Wann d’Analyse doheem gemaach muss ginn, setzt de Labo sech mat Iech a Verbindung, fir e RdV mat Iech auszemaachen.
D‘Rechnung:
Vergiesst w.e.g. net Dokteschrechnung iwwert Ären eConsult Kont ze kucken an direkt ze bezuelen.
TECHNESCH AUSSTATTUNG
Ech hu keng Webkamera. Kann ech awer un enger Teleconsultation deelhuelen?
Jo, Dir kënnt e Smartphone, e Laptop oder en Tablett benotzen. Wann Äre PC, Tablett oder Handy eng HD Kamera huet, kann Teleconsultatioun optimal oflafen.
Meng Kamera funktionéiert net. Wat elo?
Kuckt w.e.g. no ob Är Kamera aktivéiert ass. Iwwerpréift och Äre Browser: Dëse System ass kompatibel mat de Browseren: Safari, Chrome, Firefox a Microsoft Edge. Lued wa néideg e vun dëse Browser erof.
Mat wéi enge Browser schafft de System?
De System ass mat de Browser, Safari, Chrome, Firefox a Microsoft Edge kompatibel. Wann Dir en anere gebrauche sollt, luet w.e.g. e vun den hei genannten erof.
Ech hunn en techneschen oder funktionnelle Problem (Kamera, Video, Funktiounen, funktionéieren net ...). Wat kann ech maachen?
Rufft w.e.g. eisen Helpdesk un (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen kann Iech heibäi weider hëllefen.
Wéi läschen ech meng Browser-Cache?
Prozedur fir déi verschidde Browser:
Safari 12:
Sicht am Menü no "Développement".
Falls keen do ass, klickt op "Safari".
Selectionnéiert "Préférences"
Ënner "Avancées", selectionnéiert am Menu d’Optioun „Développement“.
Ënner "Développement", klickt op "Vider les caches".
Chrome:
Klickt ob déi dräi kleng horizontal Balken (uewe riets).
Gitt op Astellungen/Verlaaf/ Browserdate läschen.
Wielt eng Zäitspann aus a confirméiert de gewënschten Inhalt.
Firefox:
Gitt op "Outils / « Supprimer l'historique récent »" an selectionnéiert se all.
Confirméieren.
Microsoft Edge:
Maacht „Paramètres“ iwwer de Menu uewe riets op.
Klickt dann lénks op « Confidentialité et Sécurité ».
Klickt riets op « choisir les éléments à effacer ».
Aktivéiert dann "Les fichiers et données de cache".
Klickt uschléissend op „Effacer“.
Brauch een eng Internetverbindung?
Jo, soss ass de Service net verfügbar.
UMELLEN
Ech hunn nom Enregistréiere keng E-Mail kritt. Wat elo?
Rufft w.e.g. eisen Helpdesk un (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen hëlleft Iech, de Problem esou schnell wéi méiglech ze léisen.
Méng Registréierung huet geklappt, ech kann mech awer net umellen.
Iwwerpréift ob Dir de richtege Link hutt, deen Iech am leschte Schratt vun der Registratioun iwwer Email geschéckt gouf. Falls Dir kee kritt hutt, kontaktéiert w.e.g eisen Helpdesk (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), fir Äre Kont dann zerécksetzen.
Wéi kann ech mech umellen?
All Kéiers wann Dir Iech umellt, braucht Dir Är Matricule, Äert Passwuert an den eemolege Code deen Dir per SMS geschéckt kritt.
Ech verstinn net, wat ech mam Code, deen ech iwwer SMS kritt hunn, maache muss. Ännert de Code oder bleift en nämmlecht?
De Code, deen Dir per SMS geschéckt kritt, ass en eemolege Code, deen Dir all Kéiers beim Umellen agi musst. Fir all nei Connectioun kritt Dir en neie Code.
ALLGEMENGES
Wat ass Teleconsultatioun?
Teleconsultation ass eng Consultioun iwwert Video, déi aus Distanz tëschent dem Patient an der medezinescher Fachkraaft duerchgefouert gëtt. Si erméiglecht et, de Patient ze betreien an de Suivi vun der Behandlung ze machen ouni dat hien an d’Praxis muss kommen. Teleconsultatioun war entscheedend an der Noutfallsituatioun vum Covid, well se Reesen, an de perséinlech Kontakt vun Mënschen, a soumat den Ustiechungsrisiko begrenzt huet. Well Covid ëmmer nach aktuell ass, bleift Teleconsultatioun och weiderhi recommandéiert.
Ass d’Benotze vun der Teleconsultatiounsplattform obligatoresch?
Nee, se ass net onbedéngt néideg. Telekonsultationsplattform erméiglecht awer en direkten elektroneschen Austausch vun Dokteschrechnungen, Ordonnancen (fir Aptikt oder Laboratoiren) an dem Krankeschäin.
Ech hu keng E-Mail kritt, fir mech fir Teleconsultatioun unzemellen. Wéi kann ech déi kréien?
An dësem Fall kontatkéiert w.e.g. eisen Helpdesk (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu).
TECHNESCH AUSSTATTUNG
Ech hu keng Webkamera. Kann ech awer un enger Teleconsultation deelhuelen?
Jo, Dir kënnt e Smartphone, e Laptop oder en Tablett benotzen. Wann Äre PC, Tablett oder Handy eng HD Kamera huet, kann Teleconsultatioun optimal oflafen.
Meng Kamera funktionéiert net. Wat elo?
Kuckt w.e.g. no ob Är Kamera aktivéiert ass. Iwwerpréift och Äre Browser: Dëse System ass kompatibel mat de Browser: Safari, Chrome, Firefox a Microsoft Edge. Lued wa néideg een vun dëse Browser erof.
Mat wéi enge Browser schafft de System?
De System ass mat de Browser, Safari, Chrome, Firefox a Microsoft Edge kompatibel. Wann Dir en anere gebrauche sollt, luet w.e.g. een vun den hei genannten erof.
Ech hunn en techneschen oder funktionnelle Problem (Kamera, Video, Funktiounen, funktionéieren net ...). Wat kann ech maachen?
Kontakéiet w.e.g. eisen Helpdesk(Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen kann Iech heibäi weider hëllefen.
Brauch een eng Internetverbindung?
Jo, soss ass de Service net verfügbar.
Wéi läschen ech meng Browser-Cache?
Prozedur fir déi verschidde Browser:
Safari 12:
Sicht am Menü no "Développement".
Falls net do, klickt op "Safari".
Selectionnéiert "Préférences".
Ënner "Avancées", selectionnéiert am Menü d’Optioun „Développement“.
Ënner "Développement", klickt op "Vider les caches".
Chrome:
Klickt ob déi dräi kleng horizontal Balken (uewe riets).
Gitt op Astellungen/Verlaaf/ Browserdate läschen.
Wielt eng Zäitspann aus a confirméiert de gewënschten Inhalt.
Firefox:
Klickt op « Supprimer l'historique récent », a selectionnéiert se all.
Confirméieren.
Microsoft Edge:
Maacht „Paramètres“ iwwer de Menü uewe riets op.
Klickt dann lénks op « Confidentialité et Sécurité ».
Klickt riets op « choisir les éléments à effacer ».
Aktivéiert dann "Les fichiers et données de cache".
Klickt uschléissend op de Knäppchen „Effacer“.
UMELLEN
Ech weess mäi Passwuert net méi an ech kréien et net geännert. Wat kann ech maachen?
Wann Dir Äert Passwuert vergiess hutt, klickt w.e.g. op "«Passwuert vergiess», ", gitt Är Email-Adress an, a klickt op « E neit Passwuert schécken » fir e Link fir e neit Passwuert ze kréien.
Kann ech meng E-Mail Adress déi a mengem Kont hannerluecht ass, änneren?
Nee, dat ass net méiglech. Duerfir kontaktéiert w.e.g. eisen Helpdesk (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen kann Iech an dësem Fall hëllefen.
Wéi kann ech meng IBAN Nummer op der Teleconsult-Plattform änneren?
Dëst kënnt Dir iwwert de Modul «Mäi Kont» maachen.
Ech hunn nom Registréiere keng E-Mail kritt. Wat elo?
Kontaktéiert w.e.g. eisen Helpdesk (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), deen Iech hëlleft de Problem esou schnell wéi méiglech ze léisen.
Méng Registréierung huet geklappt, ech ka mech awer net umellen.
Iwwerpréift ob Dir de richtege Link hutt, deen Iech am leschte Schratt vun der Registratioun iwwer Email geschéckt gouf. Falls Dir kee kritt hutt, kontaktéiert w.e.g eisen Helpdesk (Telefon +352 27 12 50 18 33 - E-Mail: helpdesk@esante.lu), fir Äre Kont dann zerécksetzen.
Wéi kann ech mech umellen?
All Kéiers wann Dir Iech umellt, braucht Dir Är Matricule, Äert Passwuert an den eemolege Code deen Dir per SMS geschéckt kritt.
Ech verstinn net, wat ech mam Code, deen ech iwwer SMS kritt hunn, maache muss. Ännert de Code oder bleift en nämmlecht?
De Code, deen Dir per SMS geschéckt kritt, ass en eemolege Code, deen Dir all Kéiers beim Umellen agi musst. Fir all nei Connectioun kritt Dir en neie Code.
KALENNER
Wéi kann ech Deeler vu mengem Kalenner blockéiere, wou d’Patiente keen RdV kënnen huelen?
Et gëtt zwou Méiglechkeeten:
1. Am Fall wou Dir schonn e Benotzerkont fir déi éischt Versioun vum Service Telekonsultatioun hutt.
Äre Kalenner weist eng permanent Verfügbarkeet vun 7 Auer mueres bis 11 Auer Owes un. Duerfir ass et wichteg, datt Dir déi Zäite blockéiert, wou Dir kee RdV wëllt hunn. Dir kënnt déi Zäitspanen ob verschidde Manéiere blockéieren:
- duerch Zäitspane vun 10-Minutten: Klickt einfach op d‘Case vun dëser Zäitspan, dann geet eng Fënster op, an der Dir d'Dauer vun der Zäitspan, déi Dir blockéieren wëllt, kënnt uginn.
Opgepasst: Denkt beim Spären drun, datt en Dag, Zäitspanen vun mueres 7 bis owes 11 Auer ofdeckt.
-e ganzen Dag: Dir musst op d’Case vun deem Dag klicken deen Dir späre wëllt. Dat kann all Woch widderholl ginn
Déi gespaarte Bléck gi rout ugewisen. Déi fräi Bléck gréng an d’Bleck mat de RdVen, blo.
2. Falls Dir Äre Kont nom 14/07/2020 aktivéiert hutt:
Äre Kalenner ass dann komplett gespaart. Dann musst Dir d’Zäitspan, fir Telekonsultatiounen déi Dir maache wëllt, fräischalten. Duerfir klickt op déi Zäitspan déi Dir braucht- dann geet eng Fënster op, an déi Dir d'Dauer vun der Zäitspan kënnt fräischalten.
Wéi kann ech e RdV läschen? Ech hu beim Blockéiere vun enger Zäitspan e Feeler gemaach.
An deem Fall musst Dir de RdV mat Ärem Patient ofsoen, (de Patient muss dann en neie RdV maachen), an Dir musst Äre Kalenner mat den Ännerungen upassen. De Patient gëtt per E-Mail informéiert.
Wéi kann ech e Rendezvous maachen?
Et sinn d‘ Patienten,déi Rendezvousen an Zäiten am Kalenner vum Dokter androen.
Kann ech den Historique vu mengen Rendezvousen gesinn?
Jo, Äre Kalenner gëtt Iech d’Méiglechkeet, Är RdV'en entweder no Mount, Woch oder Dag ze kucken.
Wéi kann ech e Patient kontaktéiren?
Wann de Patient e Rendezvous ausmécht, muss hie verschidden Daten aginn, déi et erméiglechen, hie bei Bedarf ze kontaktéieren. Fir Teleconsultatoun selwer, brauch Dir de Patient net unzerufffen, hie kritt e Link iwwer Email geschéckt, deen en uklicke muss, fir um Rendezvous kënnen deelzehuelen.
Wéi funktionéiert eng Telekonsultatioun mam Patient?
Sicht Iech e Rendezvous aus a klickt op Tast: "e-consultation“. Kontrolléiert Är Kamera, a stellt den Toun an Äre Mikro an. Dir gesitt Iech um Bildschierm. Dann klickt op "commencer la consultation". Esou bal Äre Patient sech ugemellt huet, gesitt Dir hien um Bildschierm.
AUSGESTALLTEN DOKUMENTER
Ech gesinn d’Rechnungen net! Ech brauch déi fir meng Comptabilitéit.
Dir kritt eng Noriicht geschéckt, déi, déi ganz Ënnerlagen (Rechnung, Ordonnance, Krankeschäin…) déi Dir ausgefëllt an un de Patient geschéckt hutt, bestätegen.
WÉI GINN ECH BEI DEN ORDONNANCE VUN DE MEDIKAMENER FIR?
Wann Dir Dokter sidd:
- an d’Ordonnancen automatesch iwwer d’Plattform vun der Teleconsultatioun laafen, braucht Dir näischt weider ze maachen.
- an d’Ordonnancen net automatesch iwwert d’Plattform vun der Teleconsultatioun laafen (passt w.e.g. hei op eng eventuell Feelermeldung beim Schécken op): Dréckt se w.e.g. eraus, stempelt an ënnerschreift se, a schéckt se per Post un Äre Patient, oder gitt him se perséinlech.
Wann Dir Apdikter sidd:
Kënnt Dir d’Ordonnancen, déi iwwert Teleconsultatioun generéiert gi sinn, mat der Matricule vum Patient, op der eSanté Plattform am gesécherte Beräich vun eDocuments an Ärem eSanté Kont, gesinn.
Wann e Patient kënnt:
- ouni Ordonnance: Dir kënnt d’Originalordonnance an den eDocuments mat der Matricule vum Client fannen.
- mat Ordonnance, déi e QR-Code huet (lénks ënnen). Dir kënnt d’Ordonnance an den eDocuments duerch de QR-Code oder mat der Matricule vum Patient fannen
- mat enger Ordonnance ouni QR-Code, déi awer vum Dokter ënnerschriwwen a gestempelt ass. Dir kënnt se op déi klassesch Manéier austellen (d’Ordonnance ass net an den eDoucments)
- mat enger Ordonnance ouni QR-Code, déi weder vum Dokter ennerschriwwen nach gestempelt ass. Dir kënnt dës Ordonnance net akzeptéieren, aviséiert de Patient w.e.g. entweder op déi ënnerschriwwen a gestempelt Ordonnance vum Dokter ze waarden oder se bei säin Dokter sichen ze goen.