8. Abrëll – Nationalen Dag vun de Rettungssanitäter
National
Haut würdege mir d’Rettungssanitäter fir hir onverzichtbar Roll bei der Begleedung an der Versuergung vu Patientinnen a Patienten, eng Roll, déi besonnesch an Noutsituatiounen entscheedend ass.
Mir ënnerstëtzen si besonnesch duerch d’Bereetstelle vun Hëllefsmëttel, déi hir Aarbecht erliichteren, wéi zum Beispill:
- den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP), en digitalen Dossier, deen déi wesentlech Gesondheetsdonnéeë vum Patient zesummefaasst an de Gesondheetsberuffler zur Verfügung steet, déi an dësem Beräich aktiv sinn
- de WSE-Service, deen et dem CGDIS erméiglecht, d’Zougehéieregkeet vum Patient zu der Sozialversécherung ze iwwerpréiwen
Villmools Merci un all déi fir iert Engagement am Déngscht vun de Patientinnen a Patienten!
