A Richtung connectéiert Gesondheet: Optimisatioun vun der medezinescher Praxis mam DSP a CVE
Dës digital Servicer bidde grouss Virdeeler fir Gesondheetsberuffler, andeems se den Accès op medezinesch Donnéeë vum Patient verbesseren, a soumat och d'Koordinatioun vun der Fleeg erliichteren. Den DSP zentraliséiert dem Patient seng weesentlech medezinesch Donnéeën, wéi Resultater vun Ënnersichungen, medezinesch Berichter a Roentgen, déi séier a sécher zougänglech sinn. Gläichzäiteg assuréiert de CVE, eng präzis an automatiséiert Iwwerwaachung vun Impfungen, erliichtert d'Plange vun Impfrappellen an den Accès op Impfdonnéeën.
Mat Hëllef vun dësen Technologien, kënnen d’Doktere méi eng präzis, méi sécher a méi effizient Behandlung ubidden, an och aktiv un der Moderniséierung vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem deelhuelen.
Fir méi Informatiounen iwwer d'Benotzung vun dëse Servicer ze kréien, kontaktéiert den Helpdesk vun der Agence eSanté iwwer Telefon um (+352) 27 12 50 18 33 oder iwwer dëse Kontaktformular.
► Klickt hei fir de ganzen Artikel ze liesen. (op Franséisch)
