FAQ (LU)

  • Version imprimable
  • Revenir à la taille initiale
  • Agrandir la taille du texte
  • Envoyer à un ami
Déi meeschtgestallten Froen zum gemeinsamen Fleegedossier (DSP)
Wat ass de gemeinsame Fleegedossier ?

De gemeinsame Fleegedossier, oder DSP, regroupéiert all d'Informatiounen iwwert den Gesondheetszoustand vum Patient. De Patient ka säin Dossier selwer verwalten, oder enger Vertrauenspersoun aus dem Gesond-heetssekter, wéi zum Beispill sengem Referenzdoktor dës Aufgab iwwerdroen.

Ersetzt den DSP de Patientendossier deen déi verschidden Déngschtleeschter aus dem Gesondheetssekter hunn ?

Den DSP soll d’Patientendossieren deen déi verschidde Professionell aus dem Gesondheetssekter hunn op kee Fall ersetzen. De « Gesondheetsplattform » stellt awer duerch hieren « Portail multi-service » de Gesondheetsberuffler berufsspezifesch Applikatiounen zur Verfügung déi am Laf vun der Zäit erweidert kënne ginn.

Wéi eng Informatioune stinn a mengem DSP?

Den DSP enthält déi Informatiounen déi déi Professionell aus dem Gesondheetsberäich wichteg fannen fir d’Kontinuitéit vun der medezinescher Versuergung an der Fleeg ze garantéieren

Ass den DSP obligatoresch?

Den DSP ass recommandéiert a gëtt automatesch opgemaach. Jiddweree kann säin DSP awer zu all Moment selwer zoumaachen.

Wou ginn d’Informatiounen aus mengem DSP gespaïchert? Wéi gëtt d’Sécherheet vun den Donnéeë garantéiert?

D’Donnéeë sinn an engem « Gesondheetssafe » zu Lëtzebuerg gespäichert. D’Donnéeë si cryptéiert esoubal si an den DSP geschéckt ginn. Et kann also keng Donnée zirkuléieren oder gespäichert ginn déi einfach esou « liesbar » ass. Jiddwereen deen Zougrëff op d’Donnéen huet, deen Donnéen an den DSP vun engem Patient ka schréiwen oder liesen, muss séch am System duerch een individuellt Passwuert (esou wéi bäi dem Accès op Äre Bankkonto) identifizéieren a muss an engem nationale Register vun de Gesondheetsberuffer verzeechent sinn.

Wien huet een Zougrëffssrecht op den DSP ?

D’Zougrëffsrecht fir ee Professionnellen aus dem Gesondheetsberaïch kritt een nëmme wann een eng therapeutesch Relatioun mat dem Patient huet. Also huet all Professionellen deen de Suivi vun engem Patient assuréiert théoretesch Zougrëff op d’Donnéeë vum DSP vum Patient. Dës Zougrëffsrechter ginn aneschtes geréiert wann de Patient vun engem liberale Gesondheetsberufler en charge geholl gëtt, wéi wann hien enger Institutioun ugehéiert. Den Patient huet d’Recht ze entscheeden wiem hien Zougrëff op säin DSP gëtt, a wéi eng Informatiounen tëschent him an deene verschiddene Gesondheetsberuffler  zirkuléiere kënnen. Hien kann ausserdeem zu all Moment gesi wien Asiicht op seng Donnéen hat.

Wien mécht den DSP op?

Fir all Persoun déi eng Matrikulsnummer vun der Caisse Nationale de Santé huet, gëtt automatesch en DSP opgemaach. Fir déi aner Leit gëtt den DSP bei enger Hospitalisatioun oder bei enger Konsultatioun beim Dokter opgemaach.

Wéi eng Roll hunn déi Professionell aus dem Gesondheetswiesen par rapport zu mengem DSP ?

D`Gesondheetsberuffler, egal ob sie liberal schaffen oder an enger Institutioun, sinn déi déi dofir suergen dass déi néideg Informatiounen iwwert dem Patient säi Gesondheetszoustand am DSP sinn. Natierlech droe sie nëmmen déi Informatiounen an déi konform par rapport zu hirem Berufsstand sinn.

Top